NIEDERANVEN

Kulturhaus Niederanven (parc)

Fête de la Musique à Niederanven

18:00 

Élèves de l'École de Musique de Niederanven

Dëst Joer stinn d'Schüler vun den Initiatiounsklassen, dem Ensemble Instrumental an de Klarinettenklassen aus der Musekschoul Nidderaanwen ënner der Leedung vum Sabine Walch, Rainier Radelet a Jean-Luc Blasius nees mat engem flotte Programm op der Bühn.


19:00

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrouse komme vun enger laanger Rees nees zeréck Heem op Lëtzebuerg. Hiert Häerz ass voller Musek an de Kapp ass voller Erënnerungen un d'Länner déi si gesinn hunn.

Ma doheem ass et awer am schéinsten an dofir wëlle si mat hire Frënn e grousst Fest feieren. An Dir sidd invitéiert!

De Kapitän Mullebutz, d'Madame Li an d'Séisswaassermatrousen sange flott Kannerlidder vun heiheem an aus frieme Länner.


Iddi, Konzept, Gesang: Dan Tanson, Arrangementer, Piano, Akkordeon, Klackespill: Georges Urwald, Produktiounsleedung: Arend Herold, Bléck vun baussen: Milla Trausch, Gesangscoach: Aline Janssens, Kostüm: Joey Adam, Bühn: Chantier Mobile, Visuel: Claude Grosch, Gittar: Christian Peckels, Bassgei: Tom Wiot, Trompett: Jhang Kohnen, Getrommeltes: Max Sauber, Trombonn: Gast Gnad, Saxophonen: Jessica Quintus, Tountechnik: Lothar Schmitt, Produktioun: Chantier mobile asbl, Koproduktioun: Les Théâtres de la Ville de Luxembourg
Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture, Sacem, Fondation indépendance.


20:30

Dëppegéisser & Fanfare "La Réunion" Hostert

Concert du groupe luxembourgeois Dëppegéisser ensemble avec la Fanfare "La Réunion" Hostert, qui présente un répertoire de chansons en luxembourgeois.

Als Band kann een d'Dëppegéisser net wierklech bezeechnen. Säit 2005 probéieren déi zwee Bridder Luc a Misch Guillaume (Gesang, Gittar) mat Musek, Witz a Charme hire Public ze ameséieren. Begleet ginn déi zwee vum Laurent Peters (Bass) a Bob Leick (Tromm). Mat eegenen Texter an hirer Mammesprooch an deelweis bekannte Melodien jongléiere si mat Klischeeën an Anekdoten aus dem alldeegleche Liewen, mä huelen sech selwer dobäi net all ze eescht. Fir dëse Concert hu si e ganz speziellen Repertoire zesumme gestallt, deen si zesumme mat der Fanfare „La Réunion" Hostert op der Bühn presentéieren.
Gesang, Gittar: Luc Guillaume, Gesang, Gittar: Misch Guillaume, Bass: Laurent Peters, Tromm: Bob Leick

En collaboration avec : Fête de la Musique asbl., École de Musique de Niederanven, Fanfare "La Réunion" Hostert, Jugendhaus Niederanven, Scouten Niederanven, D'Liewen ass kee Kichelchen
Boire et manger: KHN, Jugendhaus Niederanven, Scouten Niederanven, D'Liewen ass kee Kichelchen

Organisateur(s)

Kulturhaus Niederanven

Site internet : www.khn.lu

Page Facebook : www.facebook.com/kulturhaus.niederanven